Liewensmëttelpunkt

Wourëms geet et beim Liewensmëttelpunkt?

Liewensmëttel

Liewensmëttel si net nëmmen e kulinarescht Erliefnes, mee si sinn een onentbierleche Produit. Eng Ernierung mat gesonde Liewensmëttel déi am Respekt vun der Natur hiergestallt goufen, garantéieren eis eng liewenswäert Zukunft an eiser Ëmwelt.

Mëttelpunkt

D’Nordstad setzt mat dësem Projet d’Liewensmëttel an de Mëttelpunkt vun enger Demarche, déi op d’Zesummespill vun allen Acteuren um Terrain ofziilt. E sou ginn de Produzent, de Commerçant, de Gastronom, de Konsument an natierlech och den edukative Volet matenee vernetzt. Dëst Zesummeschaffen erlaabt nei Synergien a garantéiert der Nordstad a sengen Awunner eng besser Qualitéit u Liewensmëttel duerch d‘Stäerkung vun der lokaler Produktioun an duerch eng Ënnerstëtzung fir all Acteur.

Wat gëtt gemaach?

D‘Nordstad organiséiert Workshoppen an Atelieren bei deenen, zesumme mat den Acteuren um Terrain, eng Strategie fir d‘Regioun entwéckelt gëtt.
Mat engem Aktiounsplang mat konkrete Mesure solle net nëmmen d‘Gemenge sech nohalteg opstellen a nei Initiativen entstoen, mee virun allem sollen all d‘Bierger an der Nordstad profitéiere kënne fir sech gesond, lokal a saisonal kënnen ze ernieren.

Haalt Är Aen an Oueren op a bréngt Iech och gären an dëse Projet an, bei deem jidderee soll matgeholl ginn.

Strategie

Den Ëmbau vum Liewensmëttelsystem an e méi nohaltege System gëtt um globalen Niveau als néideg ugesinn an ass och eng Noutwennegkeet fir d‘Nordstad fir souwuel global Erausfuerderungen (Natur- a Biodiversitéitsschutz a Bekämpfung vum Klimawandel) wéi och lokal Erausfuerderungen (sozial, gesondheetlech, Wirtschafts- a Beschäftegungsfuerderungen) gerecht ze ginn. D'Strategie Liewensmëttelpunkt Nordstad (SLN) wäert Impulser fir eng konkret Ëmsetzung ginn.

Mam Projet Liewensmëttelpunkt wëll d‘Nordstad sech als Referenz am Liewensmëttelsecteur op nationalem Niveau positionéieren. Et geet drëm, mëttelfristeg de Sëtz vun engem nationale Liewensmëttelcluster (Food Cluster) ze ginn. An den nächste Jore soll de Projet de Gemenge vum Syndikat erméiglechen, Initiativen unzefänken, vill nohalteg Moossnamen ëmzesetze fir d’Liewen vun de Bierger ze verbesseren an déi entspriechend Kommunikatioun op allen Niveaue vun der Gesellschaft ze realiséieren. Dës Strategie erlaabt d'Koordinatioun tëscht de Gemengen an enger Kanaliséierung vun Aktiounen sou datt de Message op eng koherent Manéier d'Bierger erreecht.

Dës Strategie konzentréiert sech op d'Zil vun der Nordstad, déi net op eng strukturell Ëmstellung oder souguer Requalifikatioun vum Liewensmëttelsystem zielt, mä éischter d'Liewensmëttel am Mëttelpunkt an enger Approche ze setzen, déi d'Zesummenaarbecht tëscht allen Acteuren um Terrain zielt. Ob Produzenten, Händler, Restaurateuren, Konsumenten oder de pedagogesch Volet, de Projet Liewensmëttelpunkt bitt hinnen en Netz, deen zu neie Synergien an domat zu enger Verbesserung vun der Liewensmëttelqualitéit, senger Accessibilitéit an Ënnerstëtzung fir lokal a regional Produktiounsakteure féiert. D'Strategie kann als e wesentlechen éischte Schrëtt a Richtung méi inzisiv Approche gesi ginn.

D'Strategie baséiert op fënnef strategeschen Achsen a véier iwwergräifend Prinzippien.

Déi fënnef strategesch Achsen

› Ausbildung a Sensibiliséierung
› Ënnerstëtzung vun der Produktioun, Marketing a Logistik.
› Den Austausch vu Praktiken an d’Léierspiral
› Innovatioun a Formatioun
› Den territoriale Marketing

Déi véier iwwergräifend Prinzippien

› Lokal a regional Produktioun a Veraarbechtung fërderen.
› De Marketing vun der Logistik stäerken
› D'Gastronomie beim Gebrauch ënnerstëtzen
› De Konsument opklären a mobiliséieren

Vu Somen bis op leckere Menüen

Soumat huet d'Nordstad de Liewensmëttelpunkt Projet op der Foire Agricole Ettelbréck 2023 duerch 4 Stänn (4 Schrëtt) am grousse Nordstadzelt virgestallt. Vum éichte Stand, de Somen, bis op de véierte Stand wou aus Produiten lecker Menüen presentéiert ginn, sief et fir doheem oder fir de Catering.

Verschidde lokal Vertrieder ware pro Stand och op der Plaz :

Stand 1 › Somen a Béischten  ›  SEED 

Status 2 › Recolten an d'Schluechten; Produkter déi direkt vum éichte Schrëtt resultéieren  ›  Forum pour l'emploi am Gaertchen.

Stand 3 › Vereedeler vun den éischte Produite  ›  Opyos, Ortea, Meyrishaff an Haff Ditgesbaach.

Stand 4 › Gastronomie, Menüen déi aus der Vereedelung entstoe kënne   ›  EHTL.
Hei gesitt Dir eisen éichten Nordstad Summer Menü an Zesummenaarbecht mat der EHTL: LINK

Besicht och nach eise Facebook Bäitrag Foire Agricole Ettelbruck x Liewensmëttelpunkt.FAE 2023 Liewendmëttelpunkt

Liewensmëttelpunkt goes Minett Unesco Biosphère

Workshop vum 11.10.2023

Am Kader vum Projet Liewensmëttelpunkt huet d'Nordstad viru kuerzem e regionale Workshop organiséiert, dee sech op d’Fërderung vun nohaltege Liewensmëttelsystemer konzentréiert. Dës Initiativ ass Deel vun der Nordstad Visioun, global a lokal Erausfuerderungen unzegoen an d'regional Verbindungen an dëse Beräicher ze verstäerken. 

28 Produzenten, Vereedeler a Schoulvertrieder hu sech den 11. Oktober um Workshop „Liewensmëttelpunkt Nordstad goes Minett Unesco Biosphere“ versammelt. D'Participanten haten d'Geleeënheet regional "best practice" Projeten ewéi "Minetter Schof" z'entdecken, déi Naturschutz a qualitativ héichwäerteg Fleeschproduktioun kombinéiert, souwéi "Eis Epicerie" zu Zolwer, déi bezuelbar Bio Produkter ubidden. D'Diskussiounen vum Dag hunn d'Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht ervirgehuewen fir lokal Lëtzebuerger Produkter ze promoten.

Organiséiert vum Syndicat intercommunal Nordstad an dem Syndicat Pro-Sud, markéiert dësen Event e wichtege Schrëtt fir eng nohalteg an innovativ Nordstad am Beräich Liewensmëttel. De Minister Claude Haagen huet d'Evenement och mat senger Präsenz geéiert, a betount déi wesentlech Roll vun der lokaler, biologescher a saisonaler Produktioun vis-à-vis vun de globalen Erausfuerderungen.

Liewensmëttelpunkt - Wirtschaft & Handel
Liewensmëttelpunkt - Wirtschaft & Handel
Liewensmëttelpunkt - Wirtschaft & Handel
Liewensmëttelpunkt - Wirtschaft & Handel
Liewensmëttelpunkt - Wirtschaft & Handel
Liewensmëttelpunkt Summer Menu
Liewensmëttelpunkt Workshop