
Wourëms geet et beim Liewensmëttelpunkt?
Liewensmëttel
Liewensmëttel si net nëmmen e kulinarescht Erliefnes, mee si sinn een onentbierleche Produit. Eng Ernierung mat gesonde Liewensmëttel déi am Respekt vun der Natur hiergestallt goufen, garantéieren eis eng liewenswäert Zukunft an eiser Ëmwelt.
Mëttelpunkt
D’Nordstad setzt mat dësem Projet d’Liewensmëttel an den Zentrum vun enger Demarche, déi op d’Zesummespill vun allen Acteuren um Terrain ofziilt. E sou ginn de Produzent, den Händler, de Gastronom, de Konsument an natierlech och den edukative Volet matenee vernetzt. Dëst Zesummeschaffen erlaabt nei Synergien a garantéiert der Nordstad a sengen Awunner eng besser Qualitéit u Liewensmëttel duerch d‘Stäerkung vun der lokaler Produktioun an duerch eng Ënnerstëtzung fir all Acteur.
Wat gëtt gemaach?
D‘Nordstad organiséiert Workshoppen an Atelieren bei deenen, zesumme mat den Acteuren um Terrain, eng Strategie fir d‘Regioun entwéckelt gëtt.
Mat engem Aktiounsplang mat konkrete Mesure solle net nëmmen d‘Gemenge sech nohalteg opstellen a nei Initiativen entstoen, mee virun allem sollen all d‘Bierger an der Nordstad profitéiere kënne fir sech gesond, lokal a saisonal kënnen ze ernieren.
Haalt Är Aen an Oueren op a bréngt Iech och gären an dëse Projet an, bei deem jidderee soll matgeholl ginn.
Strategie
Den Ëmbau vum Liewensmëttelsystem an e méi nohaltege System gëtt um globalen Niveau als néideg ugesinn an ass och eng Noutwennegkeet fir d‘Nordstad fir souwuel global Erausfuerderungen (Natur- a Biodiversitéitsschutz a Bekämpfung vum Klimawandel) wéi och lokal Erausfuerderungen (sozial, gesondheetlech, Wirtschafts- a Beschäftegungsfuerderungen) gerecht ze ginn. D'Strategie Liewensmëttelpunkt Nordstad (SLN) wäert Impulser fir eng konkret Ëmsetzung ginn.
Mam Projet Liewensmëttelpunkt wëll d‘Nordstad sech als Referenz am Liewensmëttelsecteur op nationalem Niveau positionéieren. Et geet drëm, mëttelfristeg de Sëtz vun engem nationale Liewensmëttelcluster (Food Cluster) ze ginn. An den nächste Jore soll de Projet de Gemenge vum Syndikat erméiglechen, Initiativen unzefänken, vill nohalteg Moossnamen ëmzesetze fir d’Liewen vun de Bierger ze verbesseren an déi entspriechend Kommunikatioun op allen Niveaue vun der Gesellschaft ze realiséieren. Dës Strategie erlaabt d'Koordinatioun tëscht de Gemengen an enger Kanaliséierung vun Aktiounen sou datt de Message op eng koherent Manéier d'Bierger erreecht.
Dës Strategie konzentréiert sech op d'Zil vun der Nordstad, déi net op eng strukturell Ëmstellung oder souguer Requalifikatioun vum Liewensmëttelsystem zielt, mä éischter d'Liewensmëttel am Mëttelpunkt an enger Approche ze setzen, déi op d'Zesummenaarbecht tëscht allen Acteuren um Terrain ziilt. Ob Produzenten, Händler, Restaurateuren, Konsumenten oder de pedagogesch Volet, de Projet Liewensmëttelpunkt bitt hinnen en Netz, dat zu neie Synergien an domat zu enger Verbesserung vun der Liewensmëttelqualitéit, senger Accessibilitéit an Ënnerstëtzung fir lokal a regional Produzente féiert. D'Strategie kann als e wesentlechen éischte Schrëtt a Richtung méi inzisiv Approche gesi ginn.
D'Strategie baséiert op fënnef strategeschen Achsen a véier iwwergräifend Prinzippien.
Déi fënnef strategesch Achsen
› Ausbildung a Sensibiliséierung
› Ënnerstëtzung vun der Produktioun, Marketing a Logistik.
› Den Austausch vu Praktiken an d’Léierspiral
› Innovatioun a Formatioun
› Den territoriale Marketing
Déi véier iwwergräifend Prinzippien
› Lokal a regional Produktioun a Veraarbechtung fërderen.
› D'Vermaartung an d'Logistik stäerken
› D'Gastronomie beim Asatz vu lokalen a regionale Liwensmëttel ënnerstëtzen
› De Konsument opklären a mobiliséieren
Vu Som bis bei leckere Menüen
Sou huet d'Nordstad de Liewensmëttelpunkt Projet op der Foire Agricole Ettelbréck 2023 mat engem Parcours laanscht 4 Stänn (4 Schrëtt) am grousse Nordstad-Zelt virgestallt. Vum éichte Stand, dem Som, bis op de véierte Stand wou aus Produiten lecker Menüen presentéiert goufen, sief et fir doheem oder fir de Catering.
Verschidde lokal Vertrieder ware pro Stand och op der Plaz :
Stand 1 › Som / Somproduktioun a Béischten › SEED
Status 2 › Ernten an schluechten; Produiten déi aus dem éischte Schratt entstane sinn › Forum pour l'emploi am Gaertchen.
Stand 3 › Vereedeler vun de Produiten › Opyos, Ortea, Meyrishaff an Haff Ditgesbaach.
Stand 4 › Gastronomie, Menüen déi aus de réien a vereedelte Produiten entstoe kënne › EHTL.
Hei gesitt Dir eisen éischten Nordstad Summer Menü an Zesummenaarbecht mat der EHTL: LINK
Besicht och nach eise Facebook Bäitrag Foire Agricole Ettelbruck x Liewensmëttelpunkt.