Cocktail FURRI

E Cocktail fir d’Nordstad-Regioun🍹

Mat der Iddi, e Cocktail aus der Nordstad an d’Gastronomiebetriber an an d’Ëmgéigend ze kréien, gouf zesumme mat der Association Luxembourgeoise des Barmen, Opyos souwéi mat de regionale Produzenten aus der Nordstad dräi Cocktaile entwéckelt: A, B an C. Déi dräi konnt een 2024 op der Foire Agricole zu Ettelbréck um Stand vun der Nordstad probéieren a fir säi Favorit ofstëmmen.

Dobäi huet de Cocktail C gewonnen: Rout Kréischelsirup vun der Eppelpress a Kombinatioun mat Sloe Gin a Beesy Gin vun Opyos, Iced Tea vun Ortea a bësse frësch gepresste Saier aus Bio-Zitrounen huet am meeschten iwwerzeegt. Dat genaut Rezept vum Gewënner, wéi och vun deenen aneren zwee, kanns du ënnen op der Säit roflueden an doheem mixen.

Och bei der Sich vum Numm waren d’Leit ëm hir Meenung gefrot: hei konnten d’Bierger hir Iddie fir den Numm iwwert den Nordstad-Site erareechen. De Choix ass op FURRI gefall. De Cocktail gëtt an der lokaler Gastronomie zerwéiert a soll déi lokal Identitéit stärken.

Wou kritt een de FURRI?

Als Privatpersoun kanns du dir de FURRI iwwert de Site vun Opyos Beverages bestellen. Wanns du Bedreiwer vun engem Café oder Restaurant bass, an de FURRI och gär op der Kaart häss, da mellt dech bei: lmp@nordstad.lu

Hei fënns du d'Restauranten, d'Caféen an d'Campingen, wou een de FURRI an der Nordstad genéisse kann:

  • Restaurant El Brasero, Angelduerf
  • Camping Gritt, Angelduerf
  • Restaurant Dahm, Ierpeldeng-Sauer
  • Tuerm 46, Dikrich
  • Café Miche, Dikrich
  • Dikkricher Stuff, Dikrich
  • Al Schwemm, Dikrich
  • Restaurant Jardin du Portugal, Dikrich
  • Non Solo Vino, Dikrich
  • Café Beim Frank, Dikrich
  • Restaurant du Commerce, Dikrich
  • Restaurant d'Amici, Dikrich
  • La Fondue, Dikrich
  • Restaurant Le Restone, Ettelbréck
  • Camping D'Stiffchen, Ettelbréck
  • Café Kaell, Waarken
  • Bistro beim Decken, Schieren

Shops:

Cocktail FURRI - Wirtschaft & Handel