De #Nordstad Syndikat huet fir d'Gemengen Dikirch, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren, zesummen mam Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, de „Gemengepakt fir interkulturellt Zesummeliewen“ ënnerschriwwen. 🤝📝
Dat bedeit, datt jiddereen deen an der Nordstad lieft oder schafft, un der Ëmsetzung vum Gemengepakt deelhuele kann. Dëst baséiert op Respekt, Toleranz, Solidaritéit an engem Engagement fir d'Bekämpfung vun Diskriminéierung. 🙌