30.10.2025 | 18h30 - 20h00 | DÄICHHAL (SALL 2)
≫≫ Presenz just mat Umeldung bis den 20. Oktober › Link
Am Kader vu Benevolat am Sport Stäerken, organiséiere mir ee Workshop fird'Sportveräiner aus der Nordstad.
Mir brauchen Iech, fir d'Zukunft vun de Sportinfrastrukturen an der Nordstad matzegestalten!
Duerno offréiert d’Gemeng Ettelbréck an den INAPS de Patt.
Info
Den INAPS (Institut National de l’Activité Physique et des Sports) setzt sech intensiv mat der Stäerkung an Ënnerstëtzung vum Benevolat zu Lëtzebuerg auserneen. An dësem Kader gouf ee praxisorientéierte Guide fir d’Koordinatioun vum Benevolat entwéckelt, dee speziell dorop ausgeriicht ass, d’Sportveräiner bei der Organisatioun a Koordinatioun vu Benevollen effektiv z’ënnerstëtzen. Dëse Guide gëtt wärend dem Workshop praktesch virgestallt an de Rôle vum Benevolatskoordinator am Sportsveräin erkläert.