Vum 25. November bis den 10. Dezember kämpft Orange Week géint Gewalt géigeniwwer Fraen a Meedercher. D'Kommissioune vun Vivre ensemble interculturel vun Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren, sou wéi Commission des relations humaines et de l'égalité des chances hu sech un dëser weltwäiter Campagne mat verschidde gemeinsamen Aktiounen bedeelegt wärenddeem 24. an 29. November 2025.
Ugefaang mat der Filmprojektioun "Aux jours qui viennent" zu Dikrich de 24. November. Weider goung et mat enger Table Ronde mam Thema "Comprendre et agir face aux violences domestiques" zu Schieren an den 29. November ass eng Marche solidaire vun Dikrich a vu Schieren aus organiséiert ginn mam gemeinsamen Zil zu Ierpeldeng-Sauer.
