Endlech ass et esou wäit. Den éischte
#Liewensmëttelpunkt Buttek huet seng Dieren den 10. Oktober 2025 zu
Waarken bei der Kapell op gemaach (
WARKEN, Chapelle, 9019 Ettelbréck).
Ab elo hutt Dir d'Méiglechkeet 24/7 lokal, regional a saisonal Produiten anzekafen.
👉Gidd bis luussen a maacht Iech e Konto op
Fir am Buttek anzekafe muss een sech iwwert login.lmp.lu umellen. No der Umeldung kritt de Benotzer e perséinleche QR-Code fir den Zougang an d’Bezuelung. Mir wënsche vill Spaass beim Akafen!
Dir sidd regionale Produzent?
Dir sidd regionale Produzent an interesséiert Är Produiten am Liewensmëttelpunkt Buttek ze verkafen? Da mellt Iech op info@nordstad.lu. Dir fannt ënnen ee PDF mat allen Detailer fir rofzelueden.
____
Méi Infoen zum Liewensmëttelpunkt Projet op
LMP-Projet.