D’Nordstad setzt mam Projet Liewensmëttelpunkt d’Liewensmëttel an de Mëttelpunkt vun enger Demarche, déi op d’Zesummespill vun allen Acteuren um Terrain ofzielt. E sou ginn de Produzent, de Commerçant, de Gastronom, de Konsument an natierlech och den edukative Volet matenee vernetzt. Dëst Zesummeschaffen erlaabt nei Synergien a garantéiert der Nordstad a sengen Awunner eng besser Qualitéit u Liewensmëttel duerch d’Ennerstëtzung an d‘Stäerkung vun der lokaler Produktioun.
Sou ass 2023 den Nordstad Summer Menü, an Zesummenaarbecht mam EHTL,entstan: e Menü deen aus Entrée, Haaptplat an Dessert zesummegesat ass an ausschliisslech aus lokalen a regionale Produite besteet. . Viru kuerzem ass och den Nordstad Cocktail FURRI presentéiert ginn, e ferdege Cocktail an der Fläsch aus regionale Produiten.
An dësem Kader ass och de Liewensmëttelpunkt Buttek an d’Liewe geruff ginn. De Liewensmëttelpunkt Buttek ass eng 24/7 Verkafsbox mat lokalen, regionalen a saisonale Produiten, déi leschte Freideg, de 4. Juli um 13h30 um Stand vun der Nordstad op der Foire Agricole zu Ettelbréck, a Präsenz vun der Madamm Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau ageweiht gouf.
Fir am Buttek anzekafe muss een sech iwwert login.lmp.lu umellen. No der Umeldung kritt de Benotzer e perséinleche QR-Code fir den Zougang an d’Bezuelung.
Wärend der Foire Agricole gouf et ee Gewënnspill, wou een en 100 € Bong gewanne konnt fir am Liewensmëttelpunkt Buttek akafen ze goen. Gratulatioun un eis Gewënner:
➡️ Freides: Cosnier Romain, Nathalie Barbosa, Mats Diderrich
➡️ Samstes: Charel Hentges, Serge Hoffmann, Smajovic Belma
➡️ Sonndes: Joëlle Steinert, Amelie Reiff, Carmen Steichen
Dir sidd regionale Produzent an interesséiert Är Produiten am Liewensmëttelpunkt Buttek ze verkafen? Da mellt Iech op info@nordstad.lu. Dir fannt ënnen eng Fiche mat allen Detailer fir rofzelueden.