De 17. Oktober sinn ca. 40 Acteuren an der Nordstad zesummekomm: De Start war moies bei On.perfekt zu Maarnech, déi sech géint Liewensmëttelverschwendung asetzen. Duerno stoung e Besuch am Liewensmëttelpunkt Buttek zu Waarken um Programm.
No engem regionalen 3-Gang-Menü am Hotel - Restaurant DAHM – mat ë. a. dem Nordstad-Cocktail FURRI – ass den Dag bei der Eppelpress zu Eppelduerf ofgeschloss ginn a Präsenz vun der Ministesch fir Landwirtschaft Martine Hansen.
E grousse Merci un d'Acteuren a Partner, déi mat dobäi waren.🥳
An Zesummenaarbecht mam Syndicat Pro-Sud, dem Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire an dem Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture 🤝