Grouss Naturbotz an der Nordstad

21. März 2026 gëtt zesummen d'Natur gebotzt!🌿

Dikrich

  • Freides 20.03. gi verschidde Schoulklasse scho botzen
  • Samschdes géint 09:00 Auer beim Restaurant Al Schwemm, mat Kaffi a Croissant
  • Zum Ofschloss gëtt et do och eppes z’iessen.
  • D’Gemeng stellt d’Botzmaterial zur Verfügung (Tuten, Pincen, asw.).
  • Kontaktpersoun: Nohaltegkeetskommissioun Dan Kneip › communication@diekirch.lu
  • Umeldunge bis den 13.03.2026 

Ettelbréck › Waarken

  • Um 09:00 Auer beim Jeekelsbau
  • No der grousser Botz gëtt ee Patt an ee Maufel am Jeekelsbau zerwéiert
  • Kontakt: environnement@ettelbruck.lu oder Tel.: 81 91 81 448
  • Umeldunge bis de 15.03.2026

Ierpeldeng-Sauer

  • Um 09:00 Auer beim Schlass: Kaffi a Mëtschen iert et lass geet
  • Botzmaterial a Warnweste ginn zur Verfügung gestallt
  • Um 12:00 Auer gëtt et een Iessen am Restaurant Weier zu Ierpeldeng-Sauer
  • Kontaktpersoun: Ëmweltkommissioun Giovanni Ferigo  › +352 691 817 430
  • Ouni Umeldung

Bierden

  •  Mat der Amicale Bierden
  • Um 09:00 Auer bei der Kierch: Kaffi a Mëtschen iert et lass geet
  • Botzmaterial a Warnweste ginn zur Verfügung gestallt
  • Um 12:00 Auer gëtt et een Iessen am Restaurant Weier zu Ierpeldeng-Sauer
  • Ouni Umeldung

Angelduerf

  • Mécht bei Ierpeldeng-Sauer mat.

Schieren

  • Um 09:30 Auer an der Al Schoul
  • D’Leit mussen sech selwer ëm hir Händschen a Sécherheetsveste këmmeren. Limitéiert Material
  • No der Botz offréiert d’Gemeng all deene Leit déi gehollef hunn eppes Klenges ze iessen an en Dessert
  • Kontaktpersoun: Ëmweltkommissioun Jean-Paul Zeimes › jean-paul.zeimes@schieren.lu
  • Ouni Umeldung
Teilen aufWhatsAppLinkedIn
Grouss Naturbotz - Grouss Naturbotz an der Nordstad
Grouss Naturbotz an der Nordstad