Den 1. Juli huet de Nordstad Syndikat d’Charte "Meng Gemeng lieft Sport" ënnerschriwwen. Dat mam Zil, déi sportlech Aktivitéit um lokalen Niveau nohalteg ze encouragéieren.
A Präsenz vum Sportminister Här Georges Mischo hunn dei 4 Buergemeeschter vun den Nordstadgemengen, Claude Gleis, Bob Steichen, Charel Weiler a Jean-Paul Zeimes, dës Charte am Startlokal um Fridhaff ënnerschriwwen. Domat engagéiert d’Nordstad sech de Sport an all aner physesch Aktivitéit an den Nordstadgemengen ze ënnerstëtzen a virun ze entwéckelen.
D’Strategie “Meng Gemeng lieft Sport” setzt op de Rôle vun engem Sportkoordinator, deem seng Missioun et ass fir d’Vernetzung an d’Kommunikatioun tëscht de Membersgemengen, de lokale Sportklib an de Bierger ze suergen. Haaptzil ass et, eng gesond, aktiv an inklusiv Gemeng ze fërderen en den Zougang zu de sportlechen Aktivitéiten ze erliichteren.
Den Nordstad Syndikat ass houfreg, bei dëser nationaler Initiativ deelzehuelen.