D'Rees vum Som

Am Kader vun der LUGA 2025 huet d’Nordstad de Projet “D’Rees vum Som“ an d’Liewe geruff.


Am Kader vun der LUGA 2025 huet d’Nordstad de Projet “D’Rees vum Som“ an d’Liewe geruff. Des Rees besteet aus 5 Konschtinstallatiounen am ëffentleche Raum, déi entgaang de Vëlospiste vun der Nordstad ze fanne sinn.

De roude Fuedem vum Konzept “Les précieuses invisibles“ baséiert sech um Programm vun der LUGA 2025 “Rendre visible l’invisible“.

D’Installatioune goufe vun de Kënschtler Alice an David Bertizzolo entworf a sinn an Zesummenaarbecht mat de services techniques vun de Gemengen entstan. D’Kollaboratioun mat de Gemengentechniker, der Natur- a Forstverwaltung, de Fierschter an den eenzele Betriber war fir d’Responsabel vum Projet am Nordstadsyndikat ganz wichteg. 

Sou sinn an de 4 Nordstadgemengen Installatiounen entstan, wou Konscht, Natur a Landwirtschaft an den Dialog trieden, dat a Form vu Pollen, Pissblummen, Geescht an Huewer.

Sou fënnt ee beim Centre National d’Eau Vive zu Dikrech d’Installatioun vun der Geescht, géigeniwwer vum Camping Gritt zu Ierpeldeng sinn d’Pissblummen ze gesinn, an zu Ettelbréck bei der Gare d’Pollen. Schieren zielt 2 Installatiounen: Beim Parking „Al Schoul“ sinn d’Pissblummen ze bestaunen, a beim Tennisterrain zu Schieren d‘Huewer.

Fir dëse Projet gouf op nohalteg Materialie gesat an d’Kreeslafwirtschaft huet eng wichteg Roll gespillt. Sou huet d‘Brasserie du Luxembourg 596 Dikkricher Béierfläschen zur Verfügung gestallt, déi fir d’Gierschtenhäls genotzt goufen. Fir d’Pissblummen zu Schieren an Ierpeldéng si 5.000 Viva-Waasserfläsche vun der Mark Rosport benotzt ginn. D’Holzelementer fir de Projet sinn och regional: D’Sëtzgeleegenheeten ënnert de Gierschtenhäls zu Dikrech sinn aus lokalem Dikrecher Holz a goufe vun de Schräiner vun der Dikrecher Gemeng gebaut. Fir d’Bëtongsbléck vun den Installatioune goufe Bëtongsrechter vun de Chantiere genotzt.

Teilen aufWhatsAppLinkedIn
D'Rees vum Som - News
D'Rees vum Som - News
D'Rees vum Som - News