Nei Editioun vun der "Chrëschtzäit an denger Nordstad" Broschür
Déi 4 Nordstadgemengen wëllen och dëst Joer mat iech, de Geschäftsleit, zesummen d'Broschür „Chrëschtzäit an denger Nordstad“ fir d’Adventszäit erausbréngen.
Dës Broschür erlaabt et Iech eng präislech attraktiv Annonce ze publizéiere fir äert Geschäft an 19 Gemengen ronderem der Nordstad ze presentéieren.
👉 Wann Dir eng Annonce an der neier Ausgab vun dëser Broschür wëllt hunn, da mellt Iech bei eis op dëser E-Mail Adress commerces@nordstad.lu un.
-
Umeldung bis den 15. Oktober 2025 mam Choix vun der Gréisst vun der Annonce › A4 oder 1/2 Säit
-
Fotoen an Text bis de 24. Oktober 2025
All Detailer fannt Dir am PDF-Dokument hei drënner.
👉 https://www.nordstad.lu/files/121925.pdf
D'Broschür gëtt vun der Nordstad erstallt, gedréckt a verdeelt a gëtt op der Nordstad Websäit an op de soziale Medien publizéiert. De Layout vun der Annonce gëtt vun eis duerchgefouert.
Broschüre vun de leschte Joren
2023: https://www.nordstad.lu/files/113230.pdf
2024: https://www.nordstad.lu/files/119928.pdf

Adventskalenner op Facebook
Och dëst Joer, wëlle mir gären een Adventskalenner vum 1. bis de 24. Dezember op Facebook publizéieren, falls mir genuch Partner-Fënsteren zesumme kréien. Wann Dir bei der Broschür an dem Adventskalenner matmaacht, gëtt den Datum vun Ärer Adventsfënster och an der Annonce bekannt ginn.
Wat muss een als Geschäft maache fir dobäi ze sinn?
- Mellt Iech bis de 15. Oktober 2025 un op: commerces@nordstad.lu. An deelt eis Äre Cadeau / Präis mat, deen d'Participante gewanne kënnen.
- Mir hu 24 Adventsfënsteren: Den éischten ass vir!
- Schéckt eis eng Foto vum Cadeau a gudder Qualitéit.
- D'Opdeelung vun den Adventsfënsteren wäert per Zoufallsprinzip stattfannen a vun der Nordstad duerchgefouert ginn.
- De Preis gëtt am jeeweilege Geschäft un de Gewënner iwwerreecht. De Gewënner soll sech ausweise kënne.
Méi Informatioune fannt Dir hei drënner am Newsletter.
👉 https://www.nordstad.lu/files/121925.pdf