Tag der lokalen Lebensmittel 21.06.23

Am Kader vum Projet Liewensmëttelpunkt fënnt den 21.06.2023 deen éischten Daag vum lokalen Liewensmëttel statt.

INVITATIOUN

Dir sidd Produzent, Vereedeler oder Gastronom an der Nordstad? Dir sidd Proff oder dir schafft an enger vun eise Gemengen an d‘Thema Liewensmëttel betrëfft oder interesséiert Iech?

Dann zéckt net a mellt Iech elo un fir déi éischt “Journée de l’Aliment Local” am Kader vum Projet Liewensmëttelpunkt vun der Nordstad.

Mir géingen eis freeën, Iech den 21. Juni kënnen ze begréissen. D'Zil vun dësen Deeg ass et, Iech d‘Betriber an der Regioun méi no ze bréngen, Iech ee Bléck hannert d'Kulissen ze erlaben a gläichzäiteg een deen anere bei engem gemittleche Mëttegiessen an engem Patt kennenzeléieren. Dobäi gi nach 2 verschidde Workshoppen ugebueden.

Mellt Iech w.e.g. bis den 19.06. un, andeems dir eng Mail op lmp@nordstad.lu schéckt.

De Programm vum Dag:

 08:45 | Rendez-vous

  •  Visitt vun der École du Goût zu Branebuerg
  • Visitt vun der Produktioun vun @opyosbeverages

12:00 |  Mëttegiessen am @LyceeTechniqueAgricoleGilsdorf

 Auswiel tëscht zwee Workshoppen:

  • Workshop 1 vun der @sdk.superdreckskescht iwwert dat neit Offallgesetz an iwwert Offallvermeidung am Betrib
  • Workshop 2 vun der SEED ASBL mam Thema “Vom Saatgut zum Teller – 100% lokale Produkte”. Herausforderungen und Perspektiven eines Projektes zu lokalem Gemüse-Saatgut in Luxemburg mam Här Adams, Gäertnermeeschter a Sombauer, Ausbilder a Proffesser am LTA.

 Verre de l’amitié

 15:30 | Schluss

 D'Participatioun ass gratis an d'Plaze si limitéiert.

 An Zesummenaarbecht mam @landwirtschaft.lu a mam @MEALuxembourgOfficiel

 #Liewensmettelpunkt #besseriessenbesserliewen #lokal #regional #saisonal

Teilen aufWhatsAppLinkedIn
Liewensmëttelpunkt - Tag der lokalen Lebensmittel 21.06.23