Nordstad
Grouss Naturbotz
21. März 2026 gëtt zesummen d’Natur gebotzt! 🌿 Eng propper Gemeng ass eng liewenswäert Gemeng. 🌳 Duerfir maacht mat bei der Naturbotz an der Nordstad. Grousse Merci elo schonn fir d’Matmaachen!
Grouss Naturbotz
Dikrich
- Freides 20.03. gi verschidde Schoulklasse scho botzen
- Samschdes géint 09:00 Auer beim Restaurant Al Schwemm, mat Kaffi a Croissant
- Zum Ofschloss gëtt et do och eppes z’iessen.
- D’Gemeng stellt d’Botzmaterial zur Verfügung (Tuten, Pincen, asw.).
- Kontaktpersoun: Nohaltegkeetskommissioun Dan Kneip › communication@diekirch.lu
- Umeldunge bis den 13.03.2026
Grouss Naturbotz
Ettelbréck › Waarken
- Um 09:00 Auer beim Jeekelsbau
- No der grousser Botz gëtt ee Patt an ee Maufel am Jeekelsbau zerwéiert
- Kontakt: environnement@ettelbruck.lu oder Tel.: 81 91 81 448
- Umeldunge bis de 15.03.2026
Grouss Naturbotz
Ierpeldeng-Sauer
- Um 09:00 Auer beim Schlass: Kaffi a Mëtschen iert et lass geet
- Botzmaterial a Warnweste ginn zur Verfügung gestallt
- Um 12:00 Auer gëtt et een Iessen am Restaurant Weier zu Ierpeldeng-Sauer
- Kontaktpersoun: Ëmweltkommissioun Giovanni Ferigo › +352 691 817 430
- Ouni Umeldung
- Mat der Ënnerstëtzung vun Angelduerf
Grouss Naturbotz
Bierden
- Mat der Amicale Bierden
- Um 09:00 Auer bei der Kierch: Kaffi a Mëtschen iert et lass geet
- Botzmaterial a Warnweste ginn zur Verfügung gestallt
- Um 12:00 Auer gëtt et een Iessen am Restaurant Weier zu Ierpeldeng-Sauer
- Ouni Umeldung
Grouss Naturbotz
Schieren
- Um 09:30 Auer an der Al Schoul
- D’Leit mussen sech selwer ëm hir Händschen a Sécherheetsveste këmmeren. Limitéiert Material
- No der Botz offréiert d’Gemeng all deene Leit déi gehollef hunn eppes Klenges ze iessen an en Dessert
- Kontaktpersoun: Ëmweltkommissioun Jean-Paul Zeimes › jean-paul.zeimes@schieren.lu
- Ouni Umeldung
