Nordstad Entwécklungsgesellschaft s.à.r.l.

D’Nordstad Entwécklungsgesellschaft Sàrl. steet an de Startlächer !

Nodeems den 29. Mäerz 2019 de Regierungsrot de Wee fir d’Nordstad Entwécklungsgesellschaft fräigemaach huet an se doropshin den 28. Mäi gegrënnt ginn ass, koum de Virstand den 10. Juli eng éischte Kéier zesummen.

D’Haaptaufgab vun der Entwécklungsgesellschaft ass, déi urbanistesch Konzepter um Territoire vun der Nordstad ëmzesetzen. 

De Virstand huet sech an der éischter Sëtzung och direkt mat der Ausschreiwung vun engem Directeur Général befaasst. Dëse Poste kann Enn dës Joers besetzt ginn, fir dass d’Entwécklungsgesellschaft Nordstad am Januar seng Aarbecht kann ophuelen.

Dëst ass ee weidere wichtege Schrëtt bei der Ëmsetzung vun der Nordstad.

conseil de gérance

Partager surWhatsAppLinkedIn
conseil de gérance - Nordstad Entwécklungsgesellschaft s.à.r.l.