Camille Gira

D’Nordstad bedauert zudéifst den Doud vum Camille Gira.

De Camille Gira stoung a senger Funktioun als Co-President vum Comité Politique Nordstad an als Staatssekretär am Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère ëmmer hannert der Iddie vun enger staarker Nordstad, déi hie mat sengem onermittlichen Asaz a senger Iwwerzeegung mat virugedriwwen an ennerstëtzt huet.

Mir hunn hien als interesséierten, éierlechen an engagéierte Mënsch kennen a schätze geléiert a wäerten de Camille Gira och ëmmer esou an eise Gedanken halen.

Senger Fra a Kanner a senger ganzer Famill drécken mir eis éierlecht an déifste Matgefill aus.

Partager surWhatsAppLinkedIn
Camille Gira - Actualités